Ee Sozialpädagog / Gruppechef (m/f/d) Foyer MIRO

 

D’FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert :

Ee Sozialpädagog / Gruppechef (m/f/d)

CDI 40 Stonnen/Woch

Referenz: SA-CDG-MIR

Dëse Posten gëtt ugebueden am Kader vun eiser stationärer Ariichtung zu Rodange. De Foyer hëlt 4 Kanner / Jugendlecher am Alter tëschent 4 an 18 Joer op. D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner am Alldag z'encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefstellungen ze ginn a si an hirer Autonomie ze fërderen.

Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an de Servicer, déi am Projet vum Kand involvéiert sinn.

Missiounen

  • aktiv Partizipatioun um Alldagsliewen am Foyer ;
  • individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer ;
  • aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.

 

Noutwendeg Kompetenzen

  • Diplom vum Educateur gradué, Educateur spécialisé oder Bachelor en sciences sociales et éducatives ;
  • Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Equipe ze schaffen ;
  • Bereetschaft op Schichten ze schaffen ;
  • Beherrsche vun den 3 Landessproochen ;
  • Fürerschäin B ;
  • Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel.

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

D’Bezuelung ass konform mat den Dispositioune vun der CCT SAS.

 

Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens de 4. Mee 2024 mat der Referenz SA-CDG-MIR un d’Mailadress: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Sie möchten uns helfen

MÖCHTEN SIE UNS BEI DER UMSETZUNG AMBITIONIERTER PROJEKTE UNERSTÜTZEN?

Erfahren Sie mehr

Wir nutzen Cookies auf unserer Website. Einige von ihnen sind essenziell für den Betrieb der Seite, während andere uns helfen, diese Website und die Nutzererfahrung zu verbessern (Tracking Cookies). Sie können selbst entscheiden, ob Sie die Cookies zulassen möchten. Bitte beachten Sie, dass bei einer Ablehnung womöglich nicht mehr alle Funktionalitäten der Seite zur Verfügung stehen.