Educateur gradué, assistant social, Bachelor en sciences sociales et éducatives (m/f/d)
D‘FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert :
Een Educateur gradué (m/f/d)
CDI, 35 Stonnen/Woch
Referenz: CST-EDG
De Poste betrëfft de Centre socio-thérapeutique „PASSO“ um Cents, wou 6 Kanner tëschent 6 an 12 Joer daagsiwwer encadréiert ginn. Dës Kanner kënnen aus ënnerschiddleche Grënn temporär net an hire Schoulklasse beschoult ginn. D’Missioun vum Centre ass d’Reintegratioun vun de betraffene Kanner an hir regional Schoulen.
Missiounen
- alldeeglech Gestioun vum Centre a vun der Ekipp ;
- aktiv Participatioun um Alldagsliewe vum Centre ;
- aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Ekipp an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.
Noutwendeg Kompetenzen
- Diplom vum Educateur gradué, Bachelor en sciences sociales et éducatives oder Equivalent ;
- Sënn fir Organisatioun ;
- Erfarung mat Kanner mat sozio-emotionale Verhalensschwieregkeeten ;
- Beherrsche vun den 3 Landessproochen ;
- Fürerschäi B.
Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire. D’Bezuelung ass konform mat den Dispositioune vun der CCT SAS.
Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 23.09.2023 mat der Referenz CST-EDG un d’Mailadress: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! .