diploméiert(ten) Erzéier(in)  CST PASSO

 

D'FONDATION KANNERRSCHLASS rekrutéiert: 

Een (eng) diploméiert(ten) Erzéier(in)

CDI, 30 Stonnen d’Woch fir de Centre sociothérapeutique PASSO um Cents

Réf. : CST – ED

  

 Postebeschreiwung

Den CST (centre sociothérapeutique) PASSO ass eng Dagesstruktur fir Kanner tëschent 6 an 12 Joer, déi temporär net kënnen an der Schoul opgeholl ginn.  

Als Member vun enger pluridisziplinärer Equipe proposéiert Dir e soziotherapeutesche Suivi vun de Kanner, souwuel individuell wéi och am Grupp, adaptéiert un de Bedierfnisser vum Kand.

All Kand huet e Referenzerzéier an en individuell adaptéierte Programm.

 

 Néideg Qualifikatiounen

  • Dir hutt en unerkannten Diplom als diploméiert(en) Erzéier(in)
  • Eng Experienz am Ëmgang mat Kanner mat emotionellen an/oder Verhalensproblemer ass e Virdeel.
  • Dir sidd bereet an enger Equipe ze schaffen.
  • D’Beherrschen vun den dräi Landessproochen ass eng Viraussetzung fir dëse Posten.
  • Dir verfügt iwwert e Fürerschäi vun der Klass B.

 

 Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

 D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.

 Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 14. Mai 2021 mat der Referenz CST – ED un d’E-mail Adress: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

 

 

 

Vous voulez nous aider

VOULEZ-VOUS VOUS ASSOCIER A LA REALISATION DE PROJETS AMBITIEUX.

En savoir plus
Don't have an account yet? Register Now!

Sign in to your account

Les cookies nous permettent plus facilement de vous proposer des services. En utilisant nos services, vous nous autorisez à utiliser des cookies.