Erzéier (m/f/d)

 

D'FONDATION KANNERSCHLASS   rekrutéiert :

 

Fir de «Foyer DEMIAN» zu Esch/Alzette

Erzéier (m/f/d)

CDD 30 Stonnen/Woch bis den 31/12/2024

Referenz : SA-EDU-DEM

 

Fir de «Foyer KIWWI» zu Iwwersyren

Erzéier (m/f/d)

CDI 40 Stonnen/Woch

Referenz : SA-EDU-KIW

 

Fir de «Foyer MIRO» zu Rodange

Erzéier (m/f/d)

CDI 40 Stonnen/Woch

Referenz : SA-EDU-MIR

 

Dës Poste betreffen eis stationär Ariichtungen. An dësen Foyere wäerte 4 Kanner / Jugendlecher am Alter tëschent 4 an 18 Joer opgeholl ginn. D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner am Alldag z‘encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefsstellungen ze ginn a si an hirer Autonomie ze fërderen.

Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an de Servicer, déi am Projet vum Kand involvéiert sinn.

 

Missiounen

  • aktiv Partizipatioun um Alldaagsliewen am Foyer ;
  • individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer ;
  • aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.

 

Noutwendeg Kompetenzen

  • Diplom vum Educateur diplômé ;
  • Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Equipe ze schaffen ;
  • Bereetschaft op Schichten ze schaffen ;
  • Beherrsche vun den 3 Landessproochen ;
  • Fürerschäin B ;
  • Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel.

 

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

D’Bezuelung ass konform mat den Dispositioune vun der CCT SAS.

Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 2. Dezember 2023 mat der jeeweileger Referenz un d’E-Mail-Adress: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser..

 

 

Vous voulez nous aider

VOULEZ-VOUS VOUS ASSOCIER A LA REALISATION DE PROJETS AMBITIEUX.

En savoir plus
Don't have an account yet? Register Now!

Sign in to your account

Les cookies nous permettent plus facilement de vous proposer des services. En utilisant nos services, vous nous autorisez à utiliser des cookies.