Psycholog (m/f/d)

 

D'FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert:

 

1 Psycholog (m/f/d)
fir hire Centre Thérapeutique « La Passerelle » zu Zolwer
CDI, 20 Stonnen/Woch
Referenz: CT-PSY

 

Dëse Poste betrëfft eise Centre thérapeutique La Passerelle zu Zolwer. 
Am Centre thérapeutique gi Kanner daagsiwwer betreit an am Alldag encadréiert, fir hinnen déi néideg Hëllefsstellungen ze ginn a si an hirer Autonomie ze fërderen. 
D’Aarbecht vum Poste besteet doranner de Famille vun dëse Kanner eng psychologesch/psychotherapeutesch Hëllefsstellung ze bidden an d’Famill wärend dem ganze Prozess ze begleeden.

Aufgabeberäich
•    Dir assuréiert den individuelle familiäre Suivi vun de Kanner déi am Centre Thérapeutique betreit ginn
•    Dir schafft enk mat der multi-professioneller Ekipp aus dem Centre Thérapeutique zesummen.


Erfuerdert Qualifikatiounen
•    Dir hutt e 5-järegen universitäre Psychologie-Studium absolvéiert
•    Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Ekipp ze schaffen
•    Dir schwätzt a schreift fléissend déi dräi Landessproochen 
•    Eng berufflech Erfarung an/oder Zousazausbildung an dësem Beräich ass vu Virdeel


Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.
D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.


Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 29. Mäerz mat der Referenz CT-PSY un d’E-mail Adress: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

Vous voulez nous aider

VOULEZ-VOUS VOUS ASSOCIER A LA REALISATION DE PROJETS AMBITIEUX.

En savoir plus

Nous utilisons des cookies sur notre site web. Certains d’entre eux sont essentiels au fonctionnement du site et d’autres nous aident à améliorer ce site et l’expérience utilisateur (cookies traceurs). Vous pouvez décider vous-même si vous autorisez ou non ces cookies. Merci de noter que, si vous les rejetez, vous risquez de ne pas pouvoir utiliser l’ensemble des fonctionnalités du site.