1 diploméierten / graduéierten Erzéier / Assistant social (m/f/d)

 

D'FONDATION KANNERSCHLASS rekrutéiert :

fir de Service Ambulatoire

1 diploméierten / graduéierten Erzéier / Assistant social (m/f/d)

CDI 30-40 Stonnen/Woch C4 oder C6

Réf. : AMB-PA-01

Site Esch-Uelzecht

Dëse Posten ass an eisem Service PAMO (Projet d‘Action en Milieu Ouvert) wou Eenzel- an/oder Familljegespréicher a pädagogesch Aktivitéite mat de Kanner an/oder den Elteren zu der alldeeglecher Aarbecht gehéieren esou wéi d’Begleeden an d’Ënnerstëtze bei verschidden Demarchen.

Missiounen

·     Dir assuréiert de Suivi vu Familljen am Kader vum Service PAMO (assistance psychique, sociale ou éducative en famille – Konventioun mam Office National de l’Enfance)

·     Dir begleet ressourcenorientéiert d’Familljen a fërdert d’Zesummenaarbecht matt de sozialen a schouleschen Acteuren

·     Dir sidd en Deel vun enger dynamescher an ënnerstëtzender Equipe

 

Noutwenneg Kompetenzen

·     Sënn fir Verantwortung ze iwwerhuelen an Ären Aarbechtsdag ze strukturéieren

·     Gutt Redaktiounskompetenzen

·     Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Ekipp ze schaffen

·     Autonom schaffen

·     Beherrsche vun den 3 Landessproochen 

·     Fürerschäin B

·     Eng berufflech Erfarung an theoretesch Kenntnisser am Beräich vun der Familljenaarbecht si vu Virdeel

 

 

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 10.07.2026 mat der Referenz AMB-PA-01 un d’E-mail Adress: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser..

 

 

Vous voulez nous aider

VOULEZ-VOUS VOUS ASSOCIER A LA REALISATION DE PROJETS AMBITIEUX.

En savoir plus