Ee Sozialpädagog / Gruppechef (m/f/d) Foyer MIRO

 

D’FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert :

Ee Sozialpädagog / Gruppechef (m/f/d)

CDI 40 Stonnen/Woch

Referenz: SA-CDG-MIR

Dëse Posten gëtt ugebueden am Kader vun eiser stationärer Ariichtung zu Rodange. De Foyer hëlt 4 Kanner / Jugendlecher am Alter tëschent 4 an 18 Joer op. D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner am Alldag z‘encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefstellungen ze ginn a si an hirer Autonomie ze fërderen.

Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an de Servicer, déi am Projet vum Kand involvéiert sinn.

Missiounen

  • aktiv Partizipatioun um Alldagsliewen am Foyer ;
  • individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer ;
  • aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.

 

Noutwendeg Kompetenzen

  • Diplom vum Educateur gradué, Educateur spécialisé oder Bachelor en sciences sociales et éducatives ;
  • Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Equipe ze schaffen ;
  • Bereetschaft op Schichten ze schaffen ;
  • Beherrsche vun den 3 Landessproochen ;
  • Fürerschäin B ;
  • Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel.

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

D’Bezuelung ass konform mat den Dispositioune vun der CCT SAS.

 

Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens de 4. Mee 2024 mat der Referenz SA-CDG-MIR un d’Mailadress: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

Vous voulez nous aider

VOULEZ-VOUS VOUS ASSOCIER A LA REALISATION DE PROJETS AMBITIEUX.

En savoir plus