Psychotherapeut (m/f/d) 

 

D'FONDATION KANNERSCHLASS   rekrutéiert :

 

Fir de Foyer DEMIAN zu Esch Uelzecht

 

 Ee Psychotherapeut (m/f/d)

CDI 20 Stonnen/Woch

Referenz : SA-PSY-DEM

____________________________________

Dëse Poste betrëfft de Foyer Demian zu Esch-Uelzecht, eng stationär Ariichtung fir 8 Kanner/Jugendlecher am Alter tëscht 4 an 18 Joer. D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner/Jugendlecher an hirer Liewenswelt ze begéinen an hinnen déi néideg Hëllefsstellungen ze ginn. De Psychotherapeut erlieft den Alldag vun de Kanner/Jugendlecher deels mat fir kënnen eng adaptéiert therapeutesch Begleedung unzebidden.

Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Ekipp.

 

Missiounen

  • Zesummenaarbecht mat der Ekipp fir d’Verständnis vum Alldagsliewe vum Foyer ;
  • individuelle Suivi vun de Kanner/Jugendlechen aus dem Foyer ;
  • aktiv Zesummenaarbecht mat den externe Professionellen an de Famillen zum Wuel vun de Kanner/Jugendlechen.

 

Noutwendeg Kompetenzen

  • Dir hutt e 5-järegen universitäre Psychologie-Studium absolvéiert an en Diplom vum Psychotherapeut
  • Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Ekipp ze schaffen ;
  • Dir schwätzt a schreift fléissend déi dräi Landessproochen ;
  • Fürerschäin B ;
  • Eng berufflech Erfarung am Beräich vu Kanner/Jugendlechen ass vu Virdeel.

 

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

D’Bezuelung ass konform mat den Dispositioune vun der CCT SAS.

____________________________________________

Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 28. Februar 2026 mat der Referenz SA-PSY-DEM un d’E-Mail-Adress: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

Vous voulez nous aider

VOULEZ-VOUS VOUS ASSOCIER A LA REALISATION DE PROJETS AMBITIEUX.

En savoir plus