Psychotherapeut (m/f/d) 

 

D'FONDATION KANNERSCHLASS   rekrutéiert :

 

Fir de «Foyer DEMIAN» zu Esch Uelzecht

1 Psychotherapeut (m/f/d)

CDI 20-40 Stonnen/Woch

Referenz : SA-PSY-DEM

  

 Dëse Poste betrëff eis stationär Ariichtung zu Esch Uelzecht. An dësem Foyer gi Jugendlecher am Alter tëschent 12 an 18 Joer opgeholl.

D’Aarbecht besteet doranner dës Jugendlech am  Alldag z‘encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefsstellungen ze ginn a si an hirer Autonomie ze fërderen.

 Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an de Servicer, déi am Projet vum Kand involvéiert sinn.

 

Missiounen

  • aktiv Partizipatioun um Alldagsliewen am Foyer ;
  • individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer ;
  • aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.

 

Noutwendeg Kompetenzen

  • Diplom vum Psycholog;
  • Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Equipe ze schaffen ;
  • Bereetschaft op Schichten ze schaffen ;
  • Beherrsche vun den 3 Landessproochen ;
  • Fürerschäin B ;
  • Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel.

 

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

D’Bezuelung ass konform mat den Dispositioune vun der CCT SAS.

 

Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens de 15. Mäerz 2024 mat der Referenz SA-PSY-DEM un d’E-Mail-Adress: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser..

 

 

Vous voulez nous aider

VOULEZ-VOUS VOUS ASSOCIER A LA REALISATION DE PROJETS AMBITIEUX.

En savoir plus
Don't have an account yet? Register Now!

Sign in to your account

Les cookies nous permettent plus facilement de vous proposer des services. En utilisant nos services, vous nous autorisez à utiliser des cookies.