Erzéier (m/f/d) Springer fir d'structures d'accueil

 

D'FONDATIOUN KANNERSCHLASS   rekrutéiert :

 

e puer Erzéier (m/f/d)

CDI 20-40 Stonnen/Woch

Referenz: SA-ED-SP

 

 

Dës Poste ginn ugebueden fir eis pädagogesch Teams am Alldag ze verstäerken. Eis Foyere betreie 4 Kanner / Jugendlecher am Alter tëschent 4 an 18 Joer a befanne sech zu Bieles, Rodange, Bertrange an Iwwersyren. D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner am Alldag ze encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefstellungen ze ginn an si an hirer Autonomie ze fërderen.

Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an den Servicer déi am Projet vum Kand involvéiert sinn.

 

Missiounen

  • aktiv Partizipatioun um Alldaagsliewen am Foyer ;
  • individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer ;
  • aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Ekipp an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.

 

Noutwendeg Kompetenzen

  • SA-ED-SP : Diplom vum Educateur diplômé ;
  • Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Ekipp ze schaffen ;
  • Bereetschaft op Schichten ze schaffen ;
  • Bereetschaft als Springer an de verschiddene Foyeren ze schaffen ;
  • Beherrsche vun den 3 Landessproochen ;
  • Fürerschäin B ;
  • Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel.

 

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.

 

Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 18. August 2024 mat der Referenz SA-ED-SP un d’e-mail Adress: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

 

Vous voulez nous aider

VOULEZ-VOUS VOUS ASSOCIER A LA REALISATION DE PROJETS AMBITIEUX.

En savoir plus

Nous utilisons des cookies sur notre site web. Certains d’entre eux sont essentiels au fonctionnement du site et d’autres nous aident à améliorer ce site et l’expérience utilisateur (cookies traceurs). Vous pouvez décider vous-même si vous autorisez ou non ces cookies. Merci de noter que, si vous les rejetez, vous risquez de ne pas pouvoir utiliser l’ensemble des fonctionnalités du site.